Am Mai 2022 sinn ech zesummen mam Fotograf MOJA / Absolute Blue an dem restlechen Team op den Festival de Cannes a Frankräich gereest🤩📸
Wärend den 12 Deeg vun den internationalen Filmfestspiller vun Cannes war ech d'Fotografin vir d'Priceless Mastercard Terrasse an hunn beim Cocktail d'Porträts vun allen Mastercard-Gäscht gemaach, ier si dann dono iwwert den bekannten rouden Teppech gaangen sinn☀️❤️📽
Meng Aarbechtsplaz war soumat direkt virum Hotel Barrière Le Majestic, am Häerz vum Festival📸
Comments