top of page
Search
Writer's pictureJessie Lang

Am Oktober 2022 hunn ech dierfen beim Jean-Claude Majerus Invité an senger Ausgab "Sot emol" am Radio 100,7 sinn! 🥳😍

Mir hunn zesummen iwwert meng Studienzäit, mäin Liewen als Fotografin an verschidden Foto-Jobs an Foto-Course geschwat.

Wéi ech zur Fotografie komm sinn an wat mech bis haut un dësem Beruff esou faszinéiert, gëtt et alles an dësem 1-stonnegen Interview ze lauschteren! Den Interview kënnt dir Iech gären ënnert folgendem Link ulauschteren!

Nieft dem Interview gëtt et do op der Säit vum Radio 100,7 och en Artikel mat e puer Ausschnëtter vun mengen Äntwerten ze entdecken😁📸

Vill Spaass beim Lauschteren!🎶


Haut hunn ech um Vernissage vun der ARC-Gruppen-Ausstellung an der Galerie "A Spiren" zu Stroossen deelgeholl🥰 D'Ausstellung leeft nach vum 23.09.22 - 09.10.22 an et ginn vill flott Konschtwierker ze gesinn!💯


Déi nei Gruppen-Ausstellung vum ARC-Kënschtlerkrees leeft! Ech stellen am zweeten Deel vum 19.07.22 - 15.08.22 mat aneren flotten Kënschtler aus!😍 Kommt gären laanscht, kuckt Iech d'Ausstellung un an verbréngt en schéinen Dag am Déierepark mat der Famill oder Ären Frënn☀️😊


bottom of page