CASE STUDY: LOOK UPASSUNG
An dëser Case Study ginn ech méi no op e puer Praxis-Beispiller zum Thema "Look Upassung" an.
Net nëmmen den Bildopbau, d'Kompositioun an d'Motiv definéieren en Bild, mee och den Look kann vir d'Wierkung immens entscheedend sinn. En Bild-Look bestëmmt sech oft duerch Faarfschemen, d'Luchtstëmmung oder eng speziell Retouche. An dëser Case Study weisen ech Iech dowéinst e puer vun mengen Fotoen an enger Vorher-Nachher Usiicht.
Bei dësem Bild war et mir wichteg, d'Schlass an engem natierlechen Erdtoun-Look ze entwéckelen an ze beaarbechten. D'Schlass soll mächteg wierken, wouduerch all kleng Elementer, wou vum Haaptmotiv oflenken kéinten, schonns bei der Opnam mat Hëllef vun der gewielter Perspektiv verdeckt goufen. E puer Klengegkeeten hunn ech dann nodréiglech nach e bëssen an der Retouche gebotzt an ugepasst. Ausserdeem sollt d'Schlass säin traditionellen Charakter net verléieren, wouduerch ech déi schéin Steewänn mat brongen Faarftéin an lokalen Kontrastupassungen nach méi erausgeschafft hunn. Och den Himmel gouf an der Nobeaarbechtung an der Beliichtung reduzéiert, vir eng ausdrocksstaark Bildwierkung ze kreéieren.
Bei dëser zweeter Foto, hunn ech en ganz aneren Look wéi bei deem éischten Beispill erschafft. Vir déi speziell Perspektiv vun uewen erof an déi besonnesch Form vum Gebai nach méi staark erauszeschaffen, hunn ech och d'Faarwen an en éischter méi speziellen Toun gedréint. Well d'Form vum Gebai zimmlech modern ass an och d'Natur bei dësem Gebai eng ganz wichteg Roll spillt, wollt ech, dass d'Gebai zu senger Ëmgéigend passt an hunn soumat en éischter modernen, liicht entsättegten an speziellen Look erschafft.
Bei dësem drëtten Beispill, hunn ech eng ganz aner an eegen Ëmsetzung gewielt. Dëst Bild war Deel vun enger menger Diplomserien an misst soumat éischter kënschtleresch behandelt an beaarbecht ginn. D'Héischiefen sollten vir en fiktiivt Thema vun menger Diplomserie gréng duergestallt ginn an mat zousätzlechem Damp wéi och méi staarken klengen Luuchten an meng Serie passen. (Weider Infoe zu dëser Serie fannt dir hei ënnert "News" - "Diplomprüfung".)
Bei dëser Architekturopnam wollt ech eng Symmetrie Wierkung erzielen. Dofir hunn ech d'Opnam nodréiglech an der Bildbeaarbechtung an der Mëtt gespigelt, vir dass se wierklech 100% symmetresch ass. Vir dësen cleanen Look weider ze verstäerken, hunn ech d'Bild lokal nach méi hell beaarbecht an och jeglech Onrengheeten un beispillsweis den Wänn vum Gebai ewechgeholl. Déi donkel Traapp soll bei dëser heller Ëmgéigend direkt an d'Bild eraféieren.
Bei dësem leschten Beispill geet et manner ëm déi nodréiglech Beaarbechtung, mee vill méi ëm d'Demonstratioun, dass eng Foto bei Dag ganz anescht wierkt, wéi eng Foto bei Nuecht vum selwechten Objet. Bei dësem Optrag war d'Ziel, den Vakanzewagon, "Wagon-Gîte" an enger vollstänneger Fotostreck ze präsentéieren. Vir den Wagon dobäi net nëmmen bei Dagesliicht ze weisen, sinn ech en ganzen Dag bis nuets sur place bliwwen, vir och d'Owesstëmmung mat den schéinen Luuchten festzehalen an ze präsentéieren. Heibäi hunn ech souwuel mat dem vun den kënstlechen Luuchten vum Wagon oofgestraalter Luucht geschafft, wéi och mat faarwegen LED-Panels an enger dozou kombinéierter Laangzaitbeliichtung. D'Fotoen wärend dem Dag hunn ech mat Hëllef vun mobillen Studio-Blëtzanlagen opgeholl.
All Bild gëtt individuell vun mir verschafft an mat engem zum Projet passenden Look beaarbecht. Dësen Look kann e bëssi méi dezent ausfalen och awer méi speziell sinn oder souguer an eng méi kënschtlerech Richtung goen. Dëst entscheeden ech ëmmer zesummen mat mengem Client, senger Iddi an an Bezuch op d'Architektur an stellt an menger Aarbechtsweis en entscheedenden Schrëtt duer.
Dir hutt eng Fro zu dëser Case Study oder hutt en änlechen Projet an sicht nach no engem passenden Fotograf? Mellt Iech gären mat Froen, Iddien oder Projete bei mir, ech freeën mech ären Projet fotografesch ze begleeden!