IWWERT MECH
Ech sinn d'Jessie Lang, fräiberufflech Architektur-Fotografin zu an ronderëm Lëtzebuerg.
2022 hunn ech meng Firma Jessie Lang Photography gegrënnt an säitdeem un diversen nationalen wéi och internationalen Foto-Projets geschafft.
Virun menger fräiberufflecher Tätegkeet, hunn ech 2021 mäin Fotografie-Studium un der Fotoakademie-Koeln an Däitschland erfollegräich absolvéiert.
Virdrun hunn ech 2018 ier ech vir mäin Studium op Köln geplënnert sinn, meng Première an mengem Heemechtsland Lëtzebuerg op der Section Arts Plastiques mat Schwéierpunkt op Fotografie ofgeschloss.
SCHOULBILDUNG
2018-2021
Fotoakademie-Koeln
2015-2018
Lycéee Aline Mayrisch
2011-2015
Lycée Aline Mayrisch
Op der Fotoakademie-Koeln hunn ech wärend 5 Semester Fotografie studéiert an mäin Diplom bei menger Ofschlossprüfung mat enger Nott vun 1,0 erfollegräich kritt.
Meng Première (Diplôme de fin d'études) hunn ech am Lycée Aline Mayrisch Luxembourg op der Section Arts Plastiques mat Schwéierpunkt op Fotografie 2018 ofgeschloss.
Meng éischt Joer am Lycée hunn ech och am Lycée Aline Mayrisch Luxembourg vun 2011-2015 gemaach.
WEIDER REFERENZEN
Säit 2022
Jan Wischermann Imaging
Säit 2021
MOJA / Absolute Blue
Säit 2022 schaffen ech als fräiberufflech Retouch-Assistentin fest am Team vum Jan Wischermann, High-End Retoucher aus Düsseldorf.
Säit 2021 schaffen ech reegelméisseg als fräiberufflech Head of Lighting Foto-Assistentin vir den Fotograf MOJA an seng Firma Absolute Blue zu Lëtzebuerg an am Ausland.
MENG FOTOGRAFIE
D'Léift zum Detail ass mir an menger Aarbecht immens wichteg. Nieft mengem techneschen Wëssen ass mir och déi kreativ Visioun bei der Ëmsetzung vun mengen Projets ganz wichteg. Zesummen mat dem Ëmgang vun Kamera, diversen Objektiver an weideren techneschen Aspekter, wéi Blëtzluuchten an Drohnen, integréieren ech och d'Nuancen vun Luucht, Faarwen an Kompositioun, wéi och d'Nobeaarbechtung vun den leschten entscheedenden Detailer an mengen Biller. Dëst erméiglecht et mir, souwuel en ästhetescht wéi och en bedeitungsvollt an individuellt Bild ze kreéieren.
BILDBEAARBECHTUNG
Och d'Bildbeaarbechtung ass en essentielen Schrëtt an menger Aarbechtsweis. Duerch eng professionell Maskéierungstechnik hunn ech déi voll Kontroll iwwert all d'Elementer am Bild an kann ganz bewosst d'Faarwen an d'Luuchten upassen an perfektionéieren.
Och erméiglecht mir déi uschléissend Postproduktioun all final Biller an engem eenheetlechen Look ze beaarbechten vir doraus eng koherent Serie ze erstellen an d'Gesamtbauwierk optimal an Szene ze setzen an ze präsentéieren.
AUSSTELLUNGEN & WEIDER HIGHLIGHTS (AUSWAHL)
2023
Eenzel-Fräiloftausstellung: "Trust The Process", Park Backes, Sanem
Offiziell Fotografin vir Mastercard um 76ten Festival de Cannes
Ausstellung: Valentiny Foundation, Remerschen (ARC)
2022
Invitée vir en Interview am Radio 100,7 - Ausgabe "Sot emol"
Member am Comité vum ARC Kënschtlerkrees
Foto-Concours: Salon National, Diplôme de Patrimoine Luxembourgeois
Ausstellung: Galerie Netzwerk Trier, Däitschland (ARC)
Invitée bei der Table Ronde "Trau dech", Gemeng Suessem
Offiziell Fotografin vir Mastercard op dem 75ten Festival de Cannes
2021
2020
Ausstellung: Galerie Ruth, Casino 2000 (ARC)
Member am Comité vum Photoclub Gemeng Suessem (PCGS)
Foto-Concours: Salon National, mention honorifique
Member vum Kënschtlerveräin ARC Kënschtlerkrees
THEY HAVE TRUSTED ME
Logos